Räpzodi, dat ass Rap an Zodi, also Schwätzgesang a Kaméidi. De Rap ass op Lëtzebuergesch an den Zodi ass akustesch, also net, wéi gewinnt am Hiphop, mat fäerdeg produzéierte Beats & Samples, mee mat richtegen akusteschen Instrumenter. Et ass déi neiesten Museksproduktioun vum Kënschtlerkollektiv a Musekslabel MASKéNADA, ronderem den Tommek, de jonke lëtzebuerger Rapper mat polneschen Originnen, mat de Museker vun der Rockband "All the way down" an de Gebridder Tun & Luka Tonnar. D'Release vum neien Album, dee vum Serge Tonnar produzéiert gouf, ass de 25., 26., 27. & 28. Dezember 2016 (21 Auer) am Théatre du Centaure (4, Grand-Rue Luxembourg). Tickets reservéiert een op dem +352 22 28 28 (Repondeur) oder per Mail op [email protected]. Méi Infos fënnt een op www.maskenada.lu/index.php?section=archiveN&se…